ChamberRapport vum Covid-Gesetz mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg de Moie gouf et wéi erwaart gréng Luucht an der Santéskommissioun vun der Chamber fir de Rapport iwwer dat neit Covid-Gesetz.

Covid-Gesetz an der Chamber / Reportage Pit Everling

Mam drëtte Covid-Gesetz ginn déi sanitär Mesuren aktualiséiert. Just nach 10 Leit däerf ee bei sech doheem empfänken. Bei Verstéiss géint d'Quarantänes-Mesurë gëllen an Zukunft Strofen an och Sanktioune fir Betriber gi verschäerft, wa sech net un d'Reegele gehale gëtt.

All d'Instanzen hätten a Rekordzäit geschafft fir den Text bannent 3 Deeg an d'Plenière ze bréngen, sou de Rapporter, den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo.

Zu den Zuele géingen et keng zwou Meenunge ginn, se wieren ze héich, sou den DP-Fraktiounschef Gilles Baum. Et misste nei Restriktioune kommen, ouni datt d'Privatsphär vun de Leit ze vill impaktéiert gëtt. Eis Strategie wier op alle Fall déi richteg. An e puer Wochen oder Méint wäerten eis Nopere vläicht soen: d'Lëtzebuerger hunn et richteg gemaach.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert sot um Riednerpult, datt d'Zuelen zwar héich wieren, mä ech wëll net berouegend sinn, mä et ass eng gewëss Stabilisatioun dran am Moment.

Och beim analogen Tracing goufen et positiv Nouvellen, dee géing nees komplett klappen, sou d'Ministesch.

Extrait Paulette Lenert

Eng gewëss Skepsis gouf et op der Oppositiounsbänk. Et wier vill Zäit verluer gaangen an d'Mesurë vun haut hätte missten éischter geholl ginn, sou den CSV-Deputéierte Claude Wiseler.

Fir déi gréisst Oppositiouns-Fraktioun hätt een och an der aktueller Situatioun solle méi wäit goen. Mir hätte gär eng punktuell Obligatioun vun Distancing an der Mask och bei net organiséierte Rassemblementer.

Lëtzebuerger Charme-Offensiven um internationale Plateau géingen och net méi zéien. Fir dauernd ze soen: mir sinn déi Bescht an et ass alles richteg gemaach ginn, dat gëtt vläicht nach hei banne bei deem engen oder anere gegleeft, dobaussen awer net.

D'ADR fäert e Policestaat. Diskussioune goufen et notamment iwwer Policekontrollen am private Beräich an iwwer d'Beweislaascht.

D'Piraten an Déi Lénk weisen iwwerdeems mam Fanger op Lacunnen am Text. Den Avis vun der Dateschutzkommissioun hätt op Feeler opmierksam gemaach an et kéim ee wuel net dolaanscht, fir nach emol iwwert de Summer nozebesseren.

D'Piraten hunn den Text awer zesumme mat der Majoritéit gutt geheescht, d'CSV an Déi Lénk hu sech enthalen, d'ADR huet mat „Nee“ votéiert.

Um Freideg gëtt den Text am Mémorial publizéiert. D'Mesurë gëlle vun e Samschdeg un, dat provisoresch bis den 30ste September.

Artikel: Oppositioun wäert sech gréisstendeels beim Vott enthalen

Back to Top
CIM LOGO