De Sebastian Beyenburg war op enger internationaler Sektioun am Athénée. Wéi hie sech op verschidden Unien umelle wollt, krut hien zwar vun engem Engleschproff a sengen Eltere gehollef, mee hien huet awer séier gemierkt, ewéi komplizéiert dat Ganzt ass. Dofir ass hien elo den éischte Mentor zu Lëtzebuerg. Dat heescht, dass hie Studente bei der Umeldung fir op d'Unien an England oder an d'USA betreit.
Sebastian Beyenburg, Mentor bei "Project Access": "Ech sinn amgaangen, mäin eegent Team opzebauen. Ech sinn am Moment nach deen eenzegen, mee d'Ziel vun der Saach ass et awer herno en Team vu Leit ze hunn, déi sech nëmmen domadder beschäftegen, Lycéesschüler aus Lëtzebuerg ze fannen, déi sech duerch 'Project Access' kéinten op hirer Draam-Uni souzesoen umellen."
Schüler a Schülerinnen, déi Hëllef brauchen, gi "Mentee" genannt. D'Umeldung, fir bei "Project Access" matzemaachen, ass ganz einfach.
Sebastian Beyenburg: "Du muss zum Beispill begrënne kënnen, dass du an denger Schoul net den Zougang zu Informatiounen hues iwwert e Studium, deen zum Beispill Schüler an enger Privatschoul oder an enger International School hunn."
Studenten ewéi d'Phoebe Maton profitéiere scho vun dësem System. Hatt ass op enger 2ème am LGL a wëll um Kings College Business Management studéieren. Säin Mentor kënnt aus Finnland a studéiert och um Kings College. Doduerch weess hien, wat hatt alles brauch an hëlleft him weider. Hatt weess awer elo schonn, bei wat hatt am meeschten Hëllef brauche wäert.
Phoebe Maton: "Zu 100% beim personal statement, well een do ebe muss sech bësse verkafe kënnen a sou soen, firwat een déi richteg Persoun ass an net deen aneren an all seng Experienze weisen. Zemools do huet een nëmme 4.000 Charakteren, also et ass net illimitéiert, wat een do schreiwe kann."
D'Phoebe ass ganz zefridde mam Projet a kéint sech och virstellen, selwer Mentor ze ginn.