"Schoule sinn keng Infektiounsquell"Proffegewerkschaft gesäit Ausso vu Minister Meisch éischter skeptesch

RTL Lëtzebuerg
D'Feduse wënscht sech weider, datt de Minister de Feeler, fir d'Klassen déi lescht zwou Wochen zesummen ze leeën, einfach géif unerkennen.
Feduse kritiséiert Aussoe vum Educatiounsminister
Datt d'Schoule keng Infektiounsquell gesinn, gesäit d'Gewerkschaft vun de Proffen éischter skeptesch.

D’Schoule sinn keng Infektiounsquell, dat huet den Educatiounsministère en Donneschdeg nach eng Kéier präziséiert, nodeems et geheescht huet, datt een Drëttel vun de Clusteren a Schoule wieren. D'Proffegewerkschaft Feduse weist sech an enger éischter Reaktioun awer skeptesch.

D'Argumenter vum Ministère wieren alt erëm eesäiteg, esou de President Raoul Scholtes. D'Situatioun an de Lycéeë wier eng ganz aner, wéi am Fondamental. D'Konditiounen am Secondaire wieren einfach anescht, well et hätt ee méi grouss Klassen, d'Enseignantë géinge vu Klass zu Klass goen a souwuel d'Enseignanten wéi och d'Schüler kéinten infizéiert ginn an infizéieren.

Déi lescht zwou Schoulwoche ware jo als eng Testphas fir am September geduecht, ma d'Sécherheet vun de Betraffene misst awer ëmmer nach virgoen. Et hätt ee sech och gewënscht, datt de Feeler einfach unerkannt gi wier.

Par conter wier einfach gesot ginn, datt de Probleem bei der Santé hirer Cluster-Definitioun léich. Vum Ministère huet sech bis ewell ëmmer drop behaapt, datt d'Schoulen net de Problem sinn. Natierlech misst dat elo gesot ginn, well do wier politesch alles op eng Kaart gesat ginn an dorunner géing de Minister schlussendlech och gemooss ginn.

Bis d’Rentrée am September misste verschidde Saachen nach eng Kéier iwwerduecht ginn. Mam neie COVID-Gesetz wier de Klassesall jo och déi eenzeg Plaz, wou d'Geste-Barrièren net gëllen, esou de Raoul Scholtes. D'Sécherheet vun de Betraffene misst awer garantéiert ginn.

Clusteren a Schoulen: Educatiounsministère stellt kloer: D'Schoul ass keng Infektiounsquell Ustiechungsrisiko an zouene Raim: Lëften a Lëtzebuerger Schoulen net ëmmer machbar, Kritik u Ministère

Back to Top
CIM LOGO