PolicePresuméiert Drogendealer bei der Stater an der Escher Gare verhaft

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend goufen direkt zwee presuméiert Drogendealer festgeholl. Deen ee bei der Stater Gare, deen aneren an der Avenue de la Gare zu Esch.
© Police Bouneweg

Am fréien Owend hu Poliziste vum Kommissariat vu Bouneweg bei der Stater Gare ermëttelt an hunn eng Persoun fonnt, déi den éischten Ënnersichungen no Droge verkaf huet. D'Police huet ënner anerem 5 Kugele Kokain, dräi Sachete Cannabis a Boergeld séchergestallt. De Mann war den Autoritéiten iwwerdeems wéinst engem Areesverbuet bekannt.

© Police Bouneweg

Géint 20.30 gouf dunn an der Avenue de la Gare zu Esch een zweeten Drogendealer verhaft. D'Persoun gouf ënnersicht a se hat am Ganze 15 Friemkierper mat Droge geschléckt, fir déi an hirem Kierper ze transportéieren.

De Parquet huet d'Festnam an den zwee Fäll ugeuerdent, déi zwee presuméiert Drogendealer koume virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO