Verstéiss géint Corona-ReegelenPolice huet Party zu Esch missen opléisen

RTL Lëtzebuerg
Wéi ugekënnegt, huet d'Police op enger Partie Plaze kontrolléiert, ob d'Hygiènesmesuren agehale ginn.

D'Beamte vun der Police hu missen op ëffentleche Plazen, wéi och an Etablissementer intervenéieren, well entweder de Sécherheetsofstand net agehale gouf, d'Dieren net pénktlech zougemaach goufen oder d'Maskeflicht net respektéiert gouf.

Zu Esch/Uelzecht op der Resistenzplaz huet géint 2 Auer an der Nuecht eng Party mat enger Dose Leit missen opgeléist ginn. D'Gäscht hu sech duerch haart Musek a Gejäiz bemierkbar gemaach.

Als besonnesch ''dreist'' beschreift d'Police en Tëschefall an der Stad an der Rue Dicks. Géint 1.30 Auer an der Nuecht gouf der Police den Zougang zu engem Lokal verweigert. Doropshin gouf decidéiert, d'Beruffspompjeeën ze ruffen, fir d'Dieren opzemaachen. Um 1.50 Auer, kuerz virum Asaz vun de Pompjeeën, hätt de Gerant d'Dier dunn opgemaach. Deen Ament hate sech all d'Clienten op den ieweschten Etagë verschanzt, ass am Bulletin vun der Police ze liesen. De Poliziste wär opgrond vun den aktuelle Gesetzer näischt anescht iwwreg bliwwen, ewéi ze waarden, dass de Gäscht d'Zäit ze laang ginn ass. Géint 3.30 Auer sinn du 15 Clienten no an no aus dem Lokal erauskomm. Hir Identitéite goufe kontrolléiert, de Wiert protokolléiert.

Zu Déifferdeng ware kuerz virun 1.30 Auer nach zwou Persounen an engem Café, déi op déi nei Mesuren opmierksam gemaach goufen.

Um 23 Auer e Freideg den Owend zu Ettelbréck op der Gare koum e Mann an de Passagearrest. Hien hat gedronk an huet mat Béier op Passante gespaut. Iwwerdeems huet hie refuséiert, e Mask unzedoen.

D'Police präziséiert, dass d'Kontrollen um Stauséi ouni gréisser Virfäll verlaf sinn.

Back to Top
CIM LOGO