Et hätten awer och nach eng ganz Partie aner Facteure mat eragespillt. Dem Bedreiwer vum Centre de formation pour conducteurs géing et iwwerdeems net virop ëm d'Sue goen.
Dëst Joer feiert de Centre de formation pour conducteurs zu Colmer-Bierg säin 30. Gebuertsdag. Zanterhier sinn zéngdausende Chaufferen do passéiert, sief et well dat am Stage obligatoresch ass, oder fir Punkten um Führerschäin zeréckzekréien. Déi Aarbecht hätt och hir Friichte gedroen, fënnt op d'mannst de laangjärege fréiere President vum CFC, de Paul Schmit, deen en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun war.
Et kéint een nach net vun engem positive Resultat schwätzen, well ee Verkéiersdoudege wier een ze vill, mee d'Tendenz géing awer an déi richteg Richtung goen. Wärend et am Joer 1970 nach 132 déidlech Accidenter gouf, waren et der d'lescht Joer "just" nach 29, dat wier ee Réckgang vun ëmmerhin 80 Prozent. 1996, also am Joer wéi de Centre de formation pour conducteurs seng Dieren opgemaach huet, waren et nach 70 Doudeger op de Lëtzebuerger Stroossen. De Paul Schmit ass sech awer bewosst, datt déi positiv Entwécklung net just ee Verdéngscht vum CFC ass, mee do géinge méi Facteuren zesummespillen, virop d'Qualitéit vum Stroossereseau, den techneschen Ekipement vun de Gefierer, d'Vitess vun der éischter Hëllef an de gesetzleche Kader.
Leit, déi de Fürerschäin zu Lëtzebuerg gemaach hunn, musse bannent deenen éischten zwee Joer op Colmer-Bierg, genee wéi déi Leit, déi all hir 12 Punkte verluer hunn an de Führerschäin nees zeréck wëllen. De Reproche, datt de Staat op déi Manéier enger privater Gesellschaft dobäi hëlleft, sech d'Täsche voll ze maachen, léisst de laangjärege fréiere President vum CFC Paul Schmit net gëllen.
"Éischtens mol ass mengen ech bis op eng eenzeg Ausnam ni een Dividend ausbezuelt ginn, dat heescht all déi Suen, déi verdéngt goufen, sinn nees frësch an de Site investéiert ginn. A wann ech d'Zuele vum leschte Joer kucken, dann hu mer eng Marche bénéficiaire vu 5 Prozent après impôts gehat, ech mengen dat wier net iwwerdriwwen."
Mat Bléck op d'Zukunft géing de Paul Schmit sech wënschen, datt ee Chaufferen, déi de Cours maachen, fir Punkten um Führerschäin zeréckzekréien, méi op d'Fanger klappe kéint. Well do géing d'Behuelen heiansdo ze wënschen iwwreg loossen.
"Déi meeschte sinn an der Rei, déi kommen dohinner a se gesinn an, datt et interessant ass, deen Dag do net ze verbréngen a sech ze latzen, mee sech eppes bäibréngen ze loossen. Mee et sinn der awer e puer dobäi, déi am Fong geholl duerch hiert Behuelen de Cours fuerchtbar stéieren, andeems se mam Handy stéieren oder mat hirem Behuele weisen, datt se guer net interesséiert sinn un deem, wat do erofgeet."
Hei sollt déi reng Presenz am Cours net méi deen eenzege Krittär sinn, fir seng Punkten zeréckzekréien. D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes hätt och scho signaliséiert, op dee Wee wëlle matzegoen.
Invité vun der Redaktioun: Paul Schmit
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.