
De Chantier fänkt Mëtt 2021 un a soll 2024 fäerdeg sinn. Virgesinn ass ee Budget vun 77.270.000 Euro, fir de Bau, den Amenagement um Site um Belval a den Equipement. De Gesetzesprojet fir d'Konstruktioun an den Equipement vum neien Archiv gouf en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt. Den Neibau ass iwwerdeems am "Kulturentwécklungsplang 2018-2028" verankert.
Déi nei Struktur gëtt méi grouss an d'Konditioune fir den Archivage, ënner anerem d'Temperatur an d'Sécherheet, gi verbessert. D'Gebai gëtt 16.000 Meter Carré grouss, dat op 7 Etagen. No bei der Uni Lëtzebuerg kéint och d'Recherche besser vun den Archive profitéieren.

Beim Gebai wier nohalteg an effizient Energie wichteg. Den Architektebüro Paul Bretz, Milestone Consulting Engineers an BLS Energieplan Ingéniers-Conseils hunn den neien Nationalarchiv entworf. De Bauhär ass de Fonds de Belval.