Dat, well d'Sprangkraut sech zu Lëtzebuerg rasant verbreet. Mir waren e Samschdeg de Moie bei där Aktioun an de Mëllerdall laanscht luussen.
D'Sprangkraut kënnt aus dem Himalaya a gouf Enn 19. Joerhonnert ënnert anerem vun Hobbygäertner wéinst senge Bléien an Europa geplanzt. Allerdéngs verbreet sech d'Planz immens séier laanscht Baachen a kann onerwaarten Auswierkungen op aner Planzenaarten hunn.
Ëmmer méi heefeg fënnt ee Sprangkraut och a Bëscher. Eng Sprangkraut-Planz ka bis zu 4.000 Som produzéieren a verbreet sech, andeems se Som aus der Somkapsel bis zu 7 Meter wäit schleidert. Well d'Planz kleng Wuerzelen huet, féiert seng Verbreedung och zu Buedem-Erosioune laanscht Baachen. Ouni konsequent Bekämpfung wäert sech d'Planz an den nächste Jore massiv verbreeden. Nodeems d'Planze gerappt goufen, gi se an der Biogasanlag entsuergt.
Fir bei der Aktioun matzemaachen a sech fir Naturschutz anzesetzen, musse sech Fräiwëlleger am Virfeld bei engem vun den Naturparken umellen. Och an Zukunft kann ee sech mellen, fir am Mëllerdall Sprangkraut ze rappen.