Wéi bei hinnen üblech, ginn d'Deputéierte-Mandater gespléckt. De Marc Baum an den David Wagner halen als Deputéiert op an d'Myriam Cecchetti an d'Nathalie Oberweis iwwerhuelen.
Dat gouf een en Donneschdeg beim parlamentaresche Bilan vun dësem Chamberjoer vun déi Lénk gewuer.
D'Deputéiert Marc Baum an David Wagner hu bedauert, datt et och elo an der Kris keng eenheetlech Regierungspolitik géif ginn. All Ministère géif e bësse maachen, wat e wëll an d'Verantwortung ofginn.
D'Regierung hätt och Vertraue verspillt – am Etat de crise – mat engem absolut onnéidege Vott vum ëmstriddene Ceta-Accord, bedaueren déi Lénk. Dat géif bis haut unhalen.
D'Covid-Gesetzer wären an der Hetz schlecht geschriwwe ginn, fir en Etat de crise géif et haut kee Grond méi ginn. Soen déi Lénk.