SteebréckenMotocyclistin bei Accident schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 15.30 Auer koum et an der rue des Trois Cantons zu enger Kollisioun tëscht enger Motocyclistin an engem Auto.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

D'Motocyclistin koum vun Éileng erfort an ass Richtung Steebrécken gefuer. Bei der Autobunnsopfaart fir op d'A4 wollt eng Automobilistin, déi entgéint koum, a Richtung Esch/Uelzecht ofbéien. Heibäi koum et dunn zum Accident, wou d'Motocyclistin frontal vum Auto getraff gouf. Si ass iwwert de Capot geflunn an op der Strooss gelant.

No enger éischter Behandlung op der Plaz, koum se dunn an d'Spidol.

Back to Top
CIM LOGO