Europa stéing virun enger Radikaliséiereungswell, dat sot d'lescht Woch den däitsch-israeelesche Psycholog Ahmad Mansour, deen an Däitschland an der Präventiounsaarbecht aktiv ass.
"Wat mer feststellen, ass e gesamtgesellschaftlecht Klima, wou mer méi extremistesch Proposen a méi Haass am Netz beobachten. Déi Saache maachen eis Suergen", seet d'Karin Weyer, déi als Psychologin a Psychotherapeutin de Radikalisatiouns-Präventiounszenter Respect.lu leet. Si weist drop hin, dass och hei am Land d'Gefor do ass, dass kéinten Attentater duerch radikaliséiert Persoune geschéien.
Eng Garantie, dass näischt geschitt, géing et net ginn.
De Chiffer u Persounen, mat deene Respekt.lu an de leschte Jore geschafft huet, ass zanter der Grënnung vum Präventiounszenter eropgaangen an ass antëscht éischter stabel. D'Karin Weyer gëtt awer ze bedenken, dass e gewëssen Decalage an de Chiffere wier, well et géing zwee bis dräi Joer daueren, bis d'Justiz Leit, déi sech radikaliséiert hunn, an den Zenter schéckt.
Den Närbuedem fir Radikaliséierung wier gewéinlech eng Kris. Besonnesch jonk Leit wieren ufälleg fir radikal Ideologien, well si op der Sich no Identitéit an Zougehéieregkeet, no Sënn a Struktur wieren, erkläert d'Direktesch vu Respect.lu.
Vermeintlech Äntwerte kënnen dann zu Radikaliséierungsprozesser féieren.
Iwwert eng ganz Partie Forumen, Gaming-Plattformen oder Appen kéinten déi Jonk mat radikale Proposen oder Iddien a Kontakt kommen. Hei am Land wieren dat éischter Kontakter mat Gruppéierungen aus dem Ausland, wéi den IS oder rietsextrem Gruppéierungen.
"Mer hunn am Moment gesinn, dass munche Jonken de positive Frëndeskrees feelt, dee konnten se net opbauen. Dat sinn nach Nowierkunge vu Corona", mengt d'Karin Weyer.
Si waren an engem Alter Doheem, wou aner Generatioune Frëndschaften opgebaut hunn a waren och méi drop ugewisen, am Internet Kolleegen ze fannen. Dacks wier dat gutt gaangen, mee heiansdo wieren och Jonker un déi Falsch geroden, betount d'Psychotherapeutin.
D'Gefor, dass dann eng schlecht Integratioun vu Migranten zu enger Radikaliséierung kéint féieren, wéi dat den däitschen Expert Ahmad Mansour sot, gesäit d'Karin Weyer awer als net esou grouss un hei am Land. Parallelgesellschaften, wéi an Däitschland, hätt een hirer Meenung no hei manner.
"Hei ass vill méi e Mateneen, oder dass ee sech begéint. An dann ass d'Angebot vun Identitéiten einfach och méi grouss", seet d'Psychologin.
D'Gefor gesäit si éischter doranner, dass Jonker am Internet no enger Identitéit oder Orientéierung sichen – do géinge si da Saache fannen, déi problematesch sinn. Dëst wier manner ofhängeg dovunner, ob d'Persoun e Migratiounshannergrond huet oder net.
D'Präventioun géint Radikaliséierung kéint dann net fréi genuch ufänken. Offere misste geschaaft ginn – vu Stabilitéit, Gruppenzougehéieregkeet a Veräiner. Wann een da Saache beobacht, déi engem bei enger anerer Persoun Suerge maachen, da soll ee sech u Respect.lu riichten.
Wéi einfach oder schwéier eng Deradikaliséierung wier, géing dovunner ofhänken, wou am Radikaliséierungsprozess d'Persoun dru wier. Et misst probéiert ginn, erauszefannen, wat fir e Besoin eng radikal Ideologie erfëllt.
Zum Beispill d'Gefill ze hunn, seng Plaz net an der Gesellschaft ze fannen.
"Seng Plaz ze fannen ass net evident. Déi Angscht ass nozevollzéien. D'Conclusioun, déi aner si Schold, sief et d'Auslänner, sief et d'Muslimen, sief et d'Migranten, wat och ëmmer, déi Conclusioun ass net richteg", seet d'Psychologin.
Mam Betraffene misst da gekuckt ginn, wéi hien dee Besoin kenn erfëllen, ouni sech dobäi géint en anere Grupp vu Mënschen ze stellen oder gewalttäteg ze ginn. Wa schonn eng Identitéit ronderëm eng gewëssen Ideologie opgebaut wier, géing eng Therapie méi laang daueren.
Déi éischt Aufgab fir d'Politik, déi d'Direktesch vu Respect.lu opzielt, ass d'Regulatioun vum Internet. Mee och Police, Justiz an d'Zivilgesellschaft hätten hier Roll ze spillen.
Méi haart Strofe fir Leit, déi sech radikaliséiert hunn, hält d'Psychologin awer net fir de richtege Wee. Si géing keng Etüd fannen, déi weist, dass dëst géing eppes bréngen.
"Dass et eng Verfollgung vun der Police muss ginn, ass iwwerhaapt keng Fro", stellt si awer kloer.
Wien awer bereet ass, fir eng Ideologie säin eegent Liewen op d'Spill ze setzen, wier doduerch awer wuel kaum ofgeschreckt.
D'Radikalisatioun huet vill ënnerschiddlech Facetten. 2017 gouf den Zenter Respect.lu an der Suitte vun den islamisteschen Attentater zu Paräis an zu Bréissel gegrënnt.
Dono wier ee méi mat rietsextremen Thematike befaasst gewiescht. Wärend an no Corona da mat Verschwörungstheorien, erkläert d'Karin Weyer.
Antëscht wier een ëmmer méi mat Hybriden Ideologië befaasst. Eng nei Entwécklung wier dann nihilistesch extremistesch Gewalt, wou et just nach géing ëm d'Gewalt goen, an d'Ideologie an den Hannergrond geréckelt wier.