Zimmlech presséiert war en Automobilist an der Nuecht op e Sonndeg, wéi en um 3 Auer nuets mat 178 km/h op der A7 duerch de Stafelter Tunnel gerannt ass.
Erlaabt sinn hei just 90 km/h. Bei der uschléissender Kontroll vun der Police gouf dunn och nach festgestallt, dass de Chauffer nach an der Stagezäit ass. De Chauffer gouf protokolléiert an de Führerschäin ass elo mol provisoresch fort.