Aarbechtsaccident zu EschMann fält 3,5 Meter an d'Déift a gëtt schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Mëtteg kuerz virun 12 Auer koum et bei Botzaarbechte vum gliesenen Daach vun engem Gebai zu engem schwéieren Aarbechtsaccident.
© Domingos Oliveira

E Mann huet d'Gläichgewiicht verluer an ass 3,5 Meter an d'Déift gefall a gouf dobäi schwéier blesséiert. Nodeems hien op der Plaz behandelt gouf, ass hien uschléissend mam Rettungshelikopter an d'Spidol geflu ginn. ITM a Parquet goufen informéiert.

Back to Top
CIM LOGO