
De 44 Joer ale Mann war en Donneschdeg den Owend am Garer Quartier festgeholl ginn, well e wéinst sengem alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet. Nodeems den Dokter en Zertifikat fir d'Haftfäegkeet ausgestallt huet, gouf de Mann an eng Ausniichterungszell vum Stater Kommissariat bruecht.
Bei enge vun de reegelméissege Kontrollen, kuerz virun 21 Auer, gouf festgestallt, dass de Mann kee Liewenszeeche méi vu sech ginn huet. Sämtlech Versich hien ze reaniméieren, hate kee Succès. De Samusdokter konnt just nach den Doud feststellen.
Op Uerder vum Parquet gouf eng Autopsie ugefuerdert. D'Inspection Générale vun der Police huet d'Ermëttlungen iwwerholl.