Vakanz DoheemIwwer 6.300 Reservatioune fir de Stauséi

Tim Morizet
Grad bei summerlechen Temperaturen zitt et vill Leit zu Lëtzebuerg un de Stauséi, fir e gemittlechen Dag beim Waasser ze verbréngen.
Iwwer 6.300 Reservatioune fir de Stauséi
Grad bei summerlechen Temperaturen zitt et vill Leit zu Lëtzebuerg un de Stauséi, fir e gemittlechen Dag um Waasser ze verbréngen.

Vun e Samschdeg u brauch ee fir en Ausfluch op de Stauséi eng Reservatioun. De Besuch bleift awer gratis. D'Zuel vun de Gäscht op de 6 Plagë ronderëm de Séi goufen op insgesamt 2.500 Plaze limitéiert. D'Reservatioune sinn nëmme weekends néideg, esou d'Decisioun vun den 3 Gemengen, déi sech un d'Recommandatioune vun der Santé halen.

Opgrond vum héijen Undrang op de Plagë vum Stauséi huet d'Generaldirektioun fir Tourismus gemeinsam mat "Visit Éislek" an an Zesummenaarbecht mat de Stauséi-Gemengen e Reservatiounssystem, grad ewéi eng Iwwerwaachung vun de Plagen op d'Bee gestallt.

Esou gëtt garantéiert, datt e flotten Ausfluch op de Stauséi net géint déi aktuell sanitär Sécherheetsmesurë verstéisst. Bis elo goufen insgesamt iwwer 6.300 Reservatiounen enregistréiert, wat souwuel fir d'Attraktivitéit vum Stauséi ewéi och fir d'Akzeptanz vum neie Reservatiounssystem schwätzt.

RTL war sech d'Situatioun op der Plage 2 zu Ënsber am Fuussefeld ukucken. Eng grouss Mass u Leit gouf sech e Samschdeg net erwaart. Mëttelméissegt Bued-Wieder an d'Fro, ob all déi Leit, déi sech ugemellt hunn, effektiv kommen. Nom Chaos vu leschter Woch huet séier eng Solutioun misse fonnt ginn.

Paul Ihry, Office Régional du Tourisme Éislek: „Mir hunn intern gekuckt, ewéi mer dat esou séier ewéi méiglech eppes op d'Bee setzen, fir datt d'Leit Tickete kënne reservéieren. Mir wëllen e bëssen oppassen, datt eben net ze vill Leit op de Stau kommen, an datt déi sanitär Mesuren, déi sollen agehale ginn, och kënnen agehale ginn."

Ronn 3.500 Tickete gounge fir dëse Weekend eraus. Knapp 6.500 insgesamt, mat de Weekender, déi nach kommen. D'Plaz fir all Gaascht gouf genee ausgerechent.

Paul Ihry, Office Régional du Tourisme Éislek:„Mir hunn eng Persoun pro 10m2 gerechent. Dat heescht, mir hunn d'Quadratmeter vun de Plagë geholl an hunn doropshin d'Zielung vun den Tickete gemaach."

E puer honnert Leit hate sech bis e Samschdeg de Moien 10 Auer op der 2. Plage zu Ënsber ugemellt. Schlussendlech waren et der eng Rëtsch manner. Demotivéiere sollt de Reservatiounssystem net, vereinfachen awer och net onbedéngt. Fir d'Parksituatioun an den Dierfer besser an de Grëff ze kréien, kommen elo och Navetten an den Asaz.

Paul Ihry, Office Régional du Tourisme Éislek:„Säit dësem Weekend fiert eng Navette am Stonnentakt vun Esch-Sauer fort. Déi fiert ronderëm de Stau. Dat flott ass, datt d'Buslinnen, déi vun Ettelbréck, Wolz a Rammerech un d'Arrêten ugebonne sinn."

Den Ticket fir op de Stauséi kann een iwwert den Internet-Site oder d'App vu Visite Éislek reservéieren oder sur place iwwert den Handy kafen, wann der nach do sinn.

Bis den 13. September fiert vu méindes bis sonndes eng RGTR-Navette dohin.

Henri Kox op Visitt um Stauséi

De kierzlech nominéierte Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox war e Samschdeg um Stauséi, fir sech e Bild vun der Plaz ze maachen. Dat zesumme mam Buergermeeschter vun Esch-Sauer, dem Marco Schank, an dem Direkter vun der Police vun der Nordregioun, dem Thierry Jacobs.

An engem Communiqué ënnersträicht den Henri Kox, dass d'Beamte vun de Sécherheetsfirmae just kontrolléiere sollen, ob d'Visiteuren e gültegen Entréesticket hunn. All aner Kontrolle géifen an de Kompetenzberäich vun der Police falen, esou heescht et vum zoustännege Minister.

Den Henri Kox betount och nach eng Kéier, dass d'Leit sech un d'Gestes barrières sollen halen.

© MSI

Communiqué

Henri Kox se rend au lac de la Haute-Sûre: «Respectons les règles sanitaires, profitons du beau temps!» (25.07.2020)

Communiqué par: ministère de la Sécurité intérieure Le ministre de la Sécurité intérieure Henri Kox s'est rendu le 25 juillet 2020 au lac de la Haute-Sûre afin de se rendre compte sur place de la situation actuelle autour des plages du lac en cette période de pandémie. Lors de la visite, le ministre a rencontré le bourgmestre de la commune d'Esch-sur-Sûre, Marco Schank, et le directeur régional de la région de police «Nord» (ff), Thierry Jacobs.

Lors de cette entrevue, le ministre s'est félicité de la bonne coopération entre l'administration communale et la police et a remercié tous les acteurs concernés pour leur engagement et leur réactivité. Henri Kox a cependant réitéré les paroles de son prédécesseur François Bausch sur une stricte répartition des tâches, les sociétés de gardiennage privées étant uniquement habilitées à contrôler les tickets d'entrée et de ne pas effectuer les missions de police.
Henri Kox a constaté avec satisfaction que les mesures prises dans la région du lac ont porté leurs premiers fruits. Il a par ailleurs appelé à un effort concerté à respecter les règles en vigueur, dont les gestes-barrières, pour assurer que les activités de loisir autour du lac puissent continuer à avoir lieu et que nous puissions tous profiter des vacances d'été et du beau temps selon le leitmotiv #vakanzdoheem.

Le ministre a également rappelé que la police continuera à effectuer des contrôles dans le cadre de la lutte contre la propagation du COVID-19. Dans ce contexte, la police et l'administration communale d'Esch-sur-Sûre ont soulevé quelques règles à respecter aux alentours du lac de la Haute-Sûre, publiées sur le site de la police https://police.public.lu/fr/actualites/2020/07/w29/17-communication-esch-sur-sure-stau.html.

RTL-Artikel: Nei Navette bis am September: Schonn 2.200 Reservatioune fir de Stauséi.

Back to Top
CIM LOGO