Corona-Test fir an d'AuslandIwwer 11.000 Demanden, Prozedur soll vereinfacht ginn

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem 17. Juli kann een e Corona-Test ufroen, wann een an d'Ausland muss, wou en negativen Test gefrot ass, zum Beispill an Däitschland.

Iwwer 11.000 Demande goufe bis ewell gemaach. Do sinn der awer och eng Rei derbäi, déi net néideg sinn. Vill Leit froen en Test un, obwuel se an e Land (z.B. Italien oder Spuenien) wëlle reesen, wou dat net virgeschriwwen ass.

Vun der nächster Woch u gëllt eng nei Prozedur, d'Demandë soll méi einfach ginn an et soll méi séier goen.

Déi Tester kann een, wéi elo och, an enger Drive-In-Statioun maachen.

Sou en Test kann ee just ufroen, wann ee Resident ass, also hei am Land wunnt.

Wann ee berufflech an eng Géigend muss, wou en negativen Test gefrot gëtt, leeft dat iwwer d'Classes moyennes an d'Chambre de commerce.

De Betrib ka per Mail eng Demande maachen op covid19@houseofentrepreneurship.lu.

Et ginn och Iwwerleeungen am Gesondheetsministère, fir datt ee sech och no der Vakanz - speziell nom Congé collectif - kann teste loossen.

PDF Schreiwes LIH

Back to Top
CIM LOGO