Bilan déi GréngHausse vun Accisen an CO2-Steier ginn am Hierscht ënnert d'Lupp geholl

Tim Morizet
Dat huet déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché e Freideg de Mëtteg op der Bilanspressekonferenz vun hirer Partei matgedeelt.
Bilan Déi Gréng
Dat huet déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché e Freideg de Mëtteg op der Bilanspressekonferenz vun hirer Partei matgedeelt.

Bilan déi Gréng / Reportage vum François Aulner

D'Josée Lorsché ass der Meenung, datt eng Hausse vun den Accisen an eng CO2-Steier zwee Instrumenter sinn, laanscht déi ee fir eng „seriö Klimapolitik“ net kéim. Zu Lëtzebuerg an am Ausland. Allerdéngs dierfen dës Steiere keng Nodeeler fir gewëss Bevëlkerungsschichte ginn, dowéinst plädéieren déi Gréng dofir, datt déi Suen, déi duerch d'Steiere méi erakommen, och zum Deel un déi méi schwaach Stéit zeréckginn.

Extrait Josée Lorsché

D'Mënsche wieren elo an der Corona-Kris zwar éischter op hir momentan Suerge fokusséiert, mä et misst een dem Josée Lorsché no och op d'Zäit duerno kucken „an do wëlle mir weider schaffen“. Gréng Politik wier awer näischt, wat ee vun haut op muer mécht, mä et wier ee Prozess, deen ee misst erklären, fir och jidderee mat op d'Boot ze kréien. An do géing et och heiansdo erop- an erofgoen.

Iwwert d'Aarbecht an der Chamber op ee Joer gekuckt, war een e Freideg bei deene Gréngen zefridden. Et wier ee Virreider mat der Atomhaftung, mam Verbuet vum Glyphosat a mam gratis ëffentlechen Transport, mä awer och mat den Investissementer an d'Mobilitéit a mat der energetescher Sanéierung, sou d'Josée Lorsché. Um Wunnengsmaart, wou Lëtzebuerg jo och Virreider mat de Präisser ass, do gi vill Hoffnungen an de Spezialfong Logement gesat an an d'Reforme vum Loyersgesetz a vum Pacte Logement. Do géing et net méi just ëm „wuessen, wuessen, wuessen“ goen, mä och ëm Nohaltegkeet an d'Präisser.

PDF: Schreiwes déi Gréng

Back to Top
CIM LOGO