Stater GeriichtFräisproch fir Mann, deen Auto express viru mobille Radar gestallt hat

RTL Lëtzebuerg
An enger Affär vun Entrave à la justice gouf e Mann en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht fräigesprach.

Him war virgehäit ginn, am Abrëll zejoert zu Réimech ronn 40 Minutte mat sengem Auto virun engem mobille Radar geparkt ze hunn, fir ze verhënneren, dass deen aner Automobiliste blëtze géif. De Mann war selwer virdru vun deem Radar fotograféiert ginn.

RTL-Artikel: Affär mat mobilem Policeradar kënnt nach emol op d'Tapéit

Back to Top
CIM LOGO