PéitengDrogendealer op frëscher Dot erwëscht

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg huet een Zeien der Police matgedeelt, dass e gesinn huet, wéi eng verdächteg Persoun eng Plastikstut um Kierfecht verstoppt huet.

Wéi d'Police dat iwwerpréift huet, hu si eng ganz Partie Droge fonnt. Doropshin hunn d'Beamte sech op d'Lauer geluecht.

E bësse méi spéit ass de verdächtege Mann zeréck op d'Plaz komm, wou en d'Droge verstoppt hat a gouf vun de Poliziste verhaft.

D'Police konnt 4.782 Euro, 11 Gramm Kokain a bal 48 Gramm Heroin sécherstellen.

Op Uerder vum Parquet ass de Mann festgeholl ginn a koum virun der Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO