
Ech si verhalen optimistesch, datt Lëtzebuerg d'Lag an de Grëff kritt. Dat seet den Direkter vum Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut, Ulf Nehrbass an engem Interview mat der Deutschen Presse-Agentur (dpa). Kritik gëtt et op där Plaz um Robert Koch-Institut, an do um Ëmgang vum RKI mat Lëtzebuerg.
De Grand-Duché ass jo rezent vun der däitscher Gesondheetsinstitutioun als Risikogebitt agestuuft ginn. Dëst géing Lëtzebuerg ze schafe maachen an et géing eis treffen, wéi onreflektéiert dat geschitt wier, ouni datt nogefrot gouf, ouni Diskussioun an ouni et ze vermëttelen, sou de Professer Dokter Nehrbass.
Déi héich Zuele géingen och domadder zesummen hänken, datt zu Lëtzebuerg flächendeckend géing getest ginn an datt Frontaliere mat agerechent ginn, dës géingen 18% vun de positive Fäll ausmaachen.
Lëtzebuerg wier awer ganz kloer an der zweeter Well ukomm, sou den Ulf Nehrbass weider. Ma d'Hausse vun den Zuele wier awer méi lues ginn an d'Chiffere géinge sech – wann och op héijem Niveau – stabiliséieren.
Et wier een och op dem richtege Wee an hie wier „sehr verhalten optimistisch“, sou de Spriecher vun der Covid-19-Taskforce.
De Biomedeziner Rudi Ballling, och Member vun der Taskforce «Research Luxembourg» nennt d'Hausse vun de Lëtzebuerger Zuelen alarmant. Wéi d'Situatioun weider evoluéiert wier schwéier soen. Eng akut Menace fir d'Nopeschlänner géing awer net bestoen.
Den Direkter vum Fuerschungszentrum fir System-Biomedizin vun der Uni Lëtzebuerg gëtt géintiwwer der dpa nach ze bedenken, datt d'Neiinfektiounen nees a ville Länner géinge klammen. D'Faass wier am gaangen drëppseweis iwwerzelafen. Et wier elo wichteg, d'Ursaache fir dës nei Haussen ze identifizéieren, sou nach de Rudi Balling.