
Déi zweet Phas fänkt eréischt am September un, mat enger anerer Strategie. Bis dohinner gëtt awer weider getest, mä vun elo u méi geziilt.
7 Drive-In-Statioune ginn elo och zougemaach, kéinten awer wann néideg nees reaktivéiert ginn.
9 Drive-Statiounen wäerten also just nach ophunn:
Et sinn dat:
3 an der Stad: um Bouillon, bei de Rotonden an um Kierchbierg.
Zu Housen
Schieren
Sténgefort
Käerjeng
Fréiseng
an zu Esch beim Rond-Point Raemerech.
Am Osten gëtt et elo keng Teststatioun méi.