304-361€ de MountDee Budget brauch een op d'mannst fir e Puppelchen

RTL Lëtzebuerg
De STATEC huet sech mat de Basis-Besoine vu Kanner tëschent 0 a 6 Joer beschäftegt.
© AFP

Mat 18 Méint brauchen d'Puppelcher deen héchste Budget, rechent de STATEC, 361€ de Mount. Gekuckt gouf wéi vill Suen ee muss fir d'Ernierung, d'Hygiène a Gesondheet, d'Kleeder, dat soziaalt Liewen an d'Educatioun ausginn. Dee gréissten Deel geet dobäi ëmmer fir d'Iessen drop, egal wéi al d'Kand ass.

Extrait aus dem Schreiwes
Extrait aus dem Schreiwes
© STATEC

Wat d'Kand méi al gëtt, wat de Budget, deen ee fir d'Iesse muss aplangen, méi grouss gëtt - e Kand vu 5 Joer brauch deemno duebel esou vill wéi eent vu 6 Méint.

D'Statistikinstitut geet dovunner aus, datt d'Puppelcher déi éischt Méint vun hirem Liewen nëmme Mëllech drénken. Wann dat Mammemëllech wier, kéimen trotzdeem Käschten op, well d'Mamm, déi niert, och méi misst iessen an Equipement wéi Stëll-Këssen a Stëll-Soutiene bréicht. Bei Puddermëllech bréicht een nieft dem Produit selwer Fläschen, Biberonen a Seef, fir dës ze wäschen.

De Budget fir d'Hygiène op där anerer Säit geet erof, wat d'Kand méi al gëtt. Dat huet virun allem domat ze dinn, datt manner Wëndele gebraucht ginn.

Extrait aus dem Schreiwes
Extrait aus dem Schreiwes
© STATEC

Fir d'soziaalt Liewe geet de STATEC dovunner aus, datt ee méi Suen ausgëtt, wat d'Kand méi al gëtt. Consideréiert ginn hei Fester, Sortien, Aktivitéite mat Frënn a Sport.

De Budget, deen de STATEC ausgerechent huet ass e Minimum-Budget oder "Budget de référence", deen an Zesummenaarbecht mam Familljeministère, den Associatiounen an de Sozialbüroen ausgeschafft gouf. Et ass net den Duerchschnëttsbudget, dee Famillen zu Lëtzebuerg fir hir Puppelcher a kleng Kanner ausginn.

Verschidde Saache goufen awer net consideréiert, wéi de STATEC selwer ervirsträicht, zum Beispill de Logement, d'Mobilitéit oder nach d'Betreiungsstrukturen. Fir dës lescht wier et schwiereg, e Minimum-Budget ze definéieren, vue datt et zu Lëtzebuerg mat de "chèque-service" e staark subventionéierte System huet, deen eng ganz Rei Krittäre consideréiert.

Schreiwes vum STATEC

Back to Top
CIM LOGO