
Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vun Esch war op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Monnerech.
An zu Esch um Boulevard Charles de Gaulle hat kuerz virun 20.30 Auer e Camion Feier gefaangen – hei blouf et beim Materialschued. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng, grad ewéi d'Pompjeeë vu Schëffleng waren am Asaz.