Nei Evaluatioun all FreidegCovid-19-Task-Force: Zuele manner séier geklomme wéi virausgesot

RTL Lëtzebuerg
Research Luxembourg huet eng nei Evaluatioun vun der aktueller Corona-Situatioun zu Lëtzebuerg eraus ginn. All Freideg wëlle se dat elo maachen.

D'Fuerscher vu Research Luxembourg schwätze jo vun enger zweeter Well. An de leschten Deeg, tëscht dem 20. an 23. Juli, wären d'Zuele glécklecherweis net sou séier geklommen, wéi si viraus gesot haten. Mä d'Zuel vun de Patienten an de Spideeler klëmmt a kéint am September fir Enkpäss suergen. Déi manner staark Hausse vun den Neiinfektioune kéint mat der Vakanzesaison zesummenhänken, mam Contact Tracing an dem Large Scale Testing. Trotzdeem géif et nach Deeg ginn, wou iwwer 100 nei Fäll entdeckt ginn, wat d'Kontakt-Noverfollgung iwwerfuerdere kéint an d'Zuel vu Patiente an de Spideeler klammen deet.

Den Ament géif et keng zouverlässeg Informatioune ginn, wéi et elo am Summer weidergeet. Fueren d'Leit an d'Vakanz a wéi verhale se sech sozial? Dofir wären d'Projektioune mat Virsiicht ze genéissen.

Allgemeng géif de Moment sech déi zweet Well net sou séier weiderentwéckelen, wéi nach virun Deeg vun de Fuerscher gefaart. Mä si ass amgaangen. Wann d'Infektiounszuelen net zeréckginn, kéinten Enn August oder ugangs September Intensivbetter feelen.

RTL-NEWS: Zweet Well kéint däitlech méi schlëmm ausfalen, sou Research Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO