D'Corona-Kris huet d'Catering-Betriber besonnesch haart getraff. Déi meescht leiden ënnert den annuléierten Evenementer wéi Business-Evenementer, Hochzäiten oder Kommuniounen. Besonnesch den Home Office an d'Kuerzaarbecht bei de Clienten huet de Secteur verännert.
Aktivitéite vun engem Deel vun de Catering-Betriber si bis zu 80 Prozent ewechgebrach
Ee grousse Probleem ass, datt d'Onsécherheet an d'Angscht vun de Clienten een Impakt op de Marché hunn, heescht et. An de leschte Méint gouf och de Gros vun den Hochzäiten a Kommuniounen annuléiert. Zanter Kuerzem si Rassemblementer am Privaten nees op 10 Leit limitéiert. Dës Restriktiounen hätten och een Afloss op de Marché.
Verschidde Betriber rechnen domadder, datt se dëst Joer eng 150 Evenementer beliwweren. D'Federatioun vum Evenementiel-Secteur an den zoustännege Ministère schaffen aktuell dann och un engem Label, fir Evenementer an Zukunft an engem strukturéierte Kader z'organiséieren. De Betriber leeft den Ament awer d'Zäit fort.
Och d'Liwwerung un Evenementer fir d'nächst Joer wier onsécher, heescht et weider. Dowéinst gëtt scho verstäerkt fir Evenementer am Joer 2022 geplangt.
