Dat hunn de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden an den tschechesche President Petr Pavl e Freideg um zweeten Dag vun der Staatsvisitt op enger gemeinsamer Pressekonferenz ënnerstrach.
De Luc Frieden ass fest dovunner iwwerzeegt, datt et wichteg ass, datt een an der Europäescher Unioun Alliéiert huet an déi Tschechesch Republik wier esou e Land.
Et kéint een zum Beispill um wirtschaftlechen Niveau nach méi enk zesummeschaffen, well och d'Tschechesch Republik un e staarken europäesche Bannemaart géif gleewen, fir d'Kompetitivitéit vun Europa ze stäerken. Donieft géif een d'Iddi deelen, datt d'Rechtsstaatlechkeet an Europa muss assuréiert ginn an da goung och iwwert eng méi enk Zesummenaarbecht an der Verdeedegung Rieds.
"Am Kontext vum Ukrain-Krich, wou mer och wëllen zesumme méi Initiativen huelen. Sief dat bei der Acquisitioun vu Munitioun fir d'Ukrain oder sief dat am Beräich vun de Satellitten, wou Lëtzebuerg jo eng staark Roll spillt. Mir sinn elo mat hinnen amgaang ze kucken, wéi een déi Saache ka verdéiwen. Am Fazit ass et esou, datt mer eng ganz enk Relatioun hu mat der Tschechescher Republik. Net nëmme wéinst dem Jang dem Blannen, mä och haut an der Europäescher Unioun, wou si zënter 20 Joer sinn an an der NATO, wou si zënter 25 Joer sinn", sou de Premier Luc Frieden.
Fir de Luc Frieden ass kloer, datt et op der Staatsvisitt vum Petr Pavel ëm däitlech méi goung, wéi just ëm de Protokoll. Hannert dëser Visitt géif eng richteg Frëndschaft tëschent béide Länner stoen.