Wien eppes Verdächteges gesinn huet, besonnesch am Hibléck op e bedeelgt Gefier, soll sech beim 113 mellen.
An der Nuecht op e Freideg géint 2.30 Auer huet en Zeien en Abroch beobacht an d'Police geruff. En Onbekannten hat an der Bouneweger Strooss an der Stad e puer Fläschen Alkohol an ee Laptop aus engem Kiosk geklaut.
Mat Hëllef vum Zeie konnt den Täter an der Avenue de la Liberté gestallt a festgeholl ginn. Déi geklaute Saache goufe séchergestallt a koumen zeréck bei de Besëtzer. Op Uerder vum Parquet kënnt den Onéierleche virun den Untersuchungsriichter.
Wéi d'Police mellt, gouf e jonke Mann e Freideg an der Avenue de la Gare zu Dikrech vu 4 Onbekannten ugeschwat a gefrot, ob e kéint Sue wiesselen. D'Täter si mat den 20 Euro geflücht, koumen dunn awer zeréck an hunn op d'Affer ageschloen. Nodeems 2 Zeien agegraff hunn, hu sech déi 4 onbekannt Täter nees ewech gemaach.