Chauffer hat gedronkAuto iwwerschléit sech zu Féngeg, 4 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
1 Persoun gouf schwéier, an 3 anerer liicht blesséiert, wéi sech géint 22.45 Auer en Donneschdeg en Auto zu Féngeg iwwerschloen huet.
CGDIS
CGDIS
© CGDIS

Éischten Informatiounen no huet de Chauffer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, wouropshi sech den Auto iwwerschloen huet. Eng jonk Fra gouf schwéier blesséiert, déi aner Persounen am Gefier koume fir eng Kontroll an d'Spidol.
Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv.

D'Pompjeeë vu Käerjeng, Dippech a Monnerech waren op der Plaz, grad ewéi de Samu vun Esch an d'Ambulanze vu Suessem/Déifferdeng a Péiteng.

Géint 20 Auer en Donneschdeg den Owend huet et zu Déifferdeng an der Rue Menager an enger Kichen gebrannt.
Hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO