
Et war am schrëftlechen Urteel vun zwou Ausnamereglementatioune Rieds gaangen, déi sech widdersprach hätten:
E Règlement communal d'urgence vum 3. Abrëll hätt den Zougank zu de Stauséiplagë verbueden, iwwerdeems e Reglement grand-ducal vum 15. Mee erlaabt hätt, dass maximal 20 Leit am Fräie kéinten zesumme sinn.
Dem Riichter no hätt d'Police de 17. Mee just Leit protokolléiert, déi op de Plagë waren, ouni enger anerer Aktivitéit nozegoen, net awer därer, déi am Waasser ware fir ze tauchen, Windsurfen oder Stand-up-Paddling ze maachen; dës Persounen hätten allerdéngs och Accès op d'Plagë gehat, en Accès, deen awer verbuede war, woumat d'Polizisten eng Ongläichheet geschaf hätten.
