Alkoholkontroll e Freideg a SamschdegAm Ganze 67 Chaufferen ugehalen, 8 haten eppes gedronk

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet huet d'Police an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg Alkoholkontrollen zu Esch duerchgefouert.
© RTL Archivbild

Vun 23.30 Auer bis e Samschdeg 1 Auer war et eng Kontroll an der Escher Rue des Acacias. Do goufen am Ganze 54 Automobiliste kontrolléiert, och ouni Indice op en alkoholiséierten Zoustand. A 7 Fäll war den Otemtest positiv, wouvun et 5 Mol zu engem Procès verbaux, respektiv 2 en Avertissement taxé gouf. Ee Permis war nach op der Plaz fort.

Méi spéit, tëscht 2 an 3 Auer, war eng weider Kontroll zu Esch, déi Kéier an der Bielesser Strooss (CR168). Hei goufen 13 Fuerer ugehalen. An engem Fall war den Test positiv an e Protokoll gouf ausgestallt.

Weider Fäll vun Alkohol um Steier

Géint 15 Auer um Freideg krut eng Automobilistin 2 Ween an der Zéissenger Strooss an der Stad ze paken, déi bei enger rouder Luucht stoungen. D'Fra gouf net blesséiert, hat awer gedronk. Si krut de Fürerschäin ofgeholl.

Géint 1.40 Auer krut ee Chauffer an der Eecher Strooss an der Stad ee Bauschutt-Container ze paken, dee laanscht d'Strooss stoung. Och hei war Alkohol am Spill an e Permis fort.

Back to Top
CIM LOGO