
Wéinst deem Accident géint 7.50 Auer koum et an där Géigend nawell zu engem zolitte Stau. D'Iwwerhuelspuer war blockéiert. Den Accident war géint 9.15 Auer geraumt an de Stau konnt sech lues awer sécher opléisen.
Am Bulletin vum CGDIS ass ze liesen, dass 2 Persoune beim Accident blesséiert goufen. Nieft dem Samu aus der Stad, waren och d'Ambulanze vu Péiteng a Mamer op der Plaz, grad wéie d'Pompjeeë vu Stengefort a Mamer.
Zu Schëffleng an der Cité Päertchen gouf en Donneschdeg de Moie géint 8.45 Auer eng Persoun vun engem Auto ugestouss. D'Ambulanz vun Esch an d'Pompjeeë vu Schëffleng waren op der Plaz.