Coronavirus zu Lëtzebuerg35 nei confirméiert Fäll, dorënner 31 Residenten a 4 Non-Residenten

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 112 bliwwen ass.

D'Altersmoyenne vun den 112 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 85 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vun 35 positiv geteste Patienten, 31 vun hinne si Residenten, 4 Non-Residenten. Dat fir den 26. Juli.

(An de leschte 24 Stonnen war et eng Hausse vun 49 Infektiounen.)

Dat sinn der elo am Ganze 6.321, dorënner 5.163 Residenten an 1.158 Non-Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 42 Joer.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 400.903 Tester gemaach. Vun den 812 Tester, déi de 26 . Juli duerchgefouert goufen, waren der 35 positiv.

Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 1.382 aktiv Infektioune ginn a 4.825 Persoune gëllen als geheelt.

Aktuell sinn 61 (+10) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll, dat heescht Persounen, déi nach op hiert Resultat vum Test waarden), 6 (+3) Patiente sinn aktuell op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 1.015 (+3) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux ënnert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO