
Géint 23 Auer huet d'Police awer missten op der Plaz feststellen, dass sech eng Partie Leit virum Café zum Deel net un d'Covid19-Mesure géifen halen.
Wéi d'Beamten an d'Gebai eragoe wollten, gouf ee Polizist vun engem Client handgräiflech zeréckgehalen an huet de Beamten den Zoutrëtt refuséiert. D'Police-Beamten huet de Mann drop opmierksam gemaach, dëst z'ënnerloossen a gouf och scho vu senge Bekannten aus dem Agang op d'Säit geholl.
Kuerz drop, wéi d'Polizisten am Gaange waren, mat der Proprietärin ze schwätzen, ass de Mann dunn awer nees negativ opfälleg ginn. Hie war op eemol an enger Kläpperei verwéckelt. D'Police huet direkt agegraff, allerdéngs koum et trotzdeem zu engem gréisseren Tumult, sou dass huet misste Verstäerkung geruff ginn.
Eng Persoun, déi mat involvéiert war, sollt op de Büro matgeholl ginn, well dës sech net wollt identifizéieren. Dobäi huet deen sech awer hefteg gewiert, 2-3 weider Persounen hunn d'Beamte dunn och nach physesch ugegraff. D'Police war gezwonge Pefferspray anzesetzen.
Dunn huet déi Persoun, déi sollt matgeholl ginn op eemol e Messer an der Hand gehalen. D'Beamten hunn de Mann direkt immobiliséiert an d'Waff ofgeholl.
De Mann, deen am Ufank schonn negativ opgefall war, hat sech iwwerdeem aus dem Stëbs gemaach, ma konnt awer no e puer Meter gestoppt an immobiliséiert ginn.
Béid Persoune koumen, nodeems se eng Visitt am Spidol haten, an Arrest fir auszeniichteren. De Virfall gouf protokolléiert.