Camionskontrollen zu Mäertert18 Infraktioune bannent 2 Stonnen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch am Nomëtteg huet d'Police tëscht 15.30 Auer an 17.30 Auer eng 24 Camionen zu Mäertert kontrolléiert.

Bannent 2 Stonne goufe bei de 24 kontrolléierte Gefierer 18 Infraktioune fonnt. Virop ware Chargen net richteg geséchert an de Faartenzieler war net richteg agestallt.

4 Camionschaufferen hu géint d'Transitbestëmmunge verstouss an een hat sech net un d'Rouzäite gehalen.

Back to Top
CIM LOGO