Affär vun Déierequälerei120 Stonne Sozialdéngscht fir de Beschëllegten

RTL Lëtzebuerg
Domadder ass de Mann besser ewech komm, wéi an 1. Instanz um Geriicht zu Dikrech.

120 Stonnen Aarbecht am Déngscht vun der Allgemengheet amplaz vun enger Prisongsstrof vu 6 Méint mat Sursis. Op der Cour d'appel an der Stad koum e Mann am Nomëtten an enger Affär vun Déierequälerei däitlech besser ewech wéi an 1. Instanz um Dikrecher Geriicht.

Dem Mann war virgehäit ginn, am September 2017 zu Méischduerf den 10 Méint alen Hond vun enger Nopesch mat Rategëft ëmbruecht ze hunn.

Am Appellsprozess hat hien d'Faiten zouginn. Fir de Rescht blouf et bei enger Geldstrof vu 4.000 €.

Back to Top
CIM LOGO