
Aktuell sinn 21 Persounen hospitaliséiert, dovunner 2 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 794.540 Impf-Dosisse genotzt. 696 Leit kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 683 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.