Commentaire vum Marlène ClementDéidlech Accidenter an de Bierger: Risiko-Faktor Mënsch

Marlène Clement
An de leschten Deeg hu sech d’Nouvellen iwwer déidlech Lawinen-Accidenter an den Alpe geheeft. Iwwer 70 Mënsche si bis ewell dës Wantersaison an Europa duerch Lawinen ëm d’Liewe komm. Een traurege Bilan. Séier entsteet den Androck, datt et dëst Joer extra geféierlech ass an de Bierger. Dobäi ass déi eigentlech Gefor d'Verhale vum Mënsch, fënnt d’Marlène Clement.
© RTL

Grad an der Fuesvakanz zitt et vill Wantersport-Begeeschterter an d’Bierger. D’Wiederkonditiounen an den Alpen hunn awer esou muncher engem ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Duerch massiven Neischnéi, fragil Schnéischichten a staarke Wand war d’Lawinegefor déi lescht Deeg an Deeler vun den Alpen héich. Plazeweis gouf déi héchst Warnstuf ausgeruff. Pisten a Lifter sinn zou bliwwen.

Commentaire vum Marlène Clement - Risikofacteur Mënsch

Trotz de Warnunge gouf et an de leschten Deeg vill déidlech Lawinen-Accidenter. Eleng an Éisträich hunn de leschte Weekend siwe Mënschen duerch Lawinen hiert Liewe gelooss. All Joer ginn et am Duerchschnëtt ronn 100 Doudeger duerch Lawinen an Europa. Dacks sinn d’Leit hors-piste ënnerwee.

Gëtt de Risiko trotz Warnstuf ënnerschat? Ass de Reiz vum schéinen onberéierten Déifschnéi esou grouss? Ass et d’Rou, wäit ewech vun deels komplett iwwerlafe Pisten?

Fakt ass och Erfarung schützt net automatesch viru Feelaschätzungen an de Bierger. Dat weist och den trageschen Doud vun enger jonker Fra de leschte Wanter um Großglockner, iwwer deen déi lescht Wochen nees vill geschwat ginn ass. Eng 33 Joer al Éisträicherin wollt matten am Wanter bei schwierege Wiederkonditioune mat hirem Partner, en erfuerenen Alpinist, op de Sommet vum héchste Bierg an Éisträich klammen. Leider koum si ni do un. Si ass 50 Meter ënnert dem Sommet erfruer. D’lescht Woch war de Prozess. Dem Partner gouf onfräiwëllegen Doudschlag wéinst graver Noléissegkeet reprochéiert. Hie gouf zu enger Prisongsstrof vu 5 Méint op Sursis an enger Geldstrof verurteelt.

De Fall wërft vill Froen op. Firwat huet d’Fra sech op déi Aventure agelooss, obwuel se weder déi néideg Erfarung, nach dat néidegt Equipement hat? Firwat huet d’Koppel net decidéiert, ofzebriechen, wéi et däischter ginn ass an d’Fra, wéi sech herno bei der Enquête erausgestallt huet, ëmmer méi schwaach ginn ass? Firwat hu se net fréizäiteg een Noutruff ausgeléist?

Méi wäit, méi héich, méi geféierlech, Plazen déi nach keen anere gesinn huet, dee Wonsch no ëmmer méi gëtt och duerch Social Media verstäerkt. Selwer erkläerten Influencer filme sech bei deels geféierleche Biergtouren ouni néideg Preparatioun a Material. Am beschte Fall ginn et fir déi liichtsënneg Aktioun vill Klicks a Views, am schlëmmste Fall war et de leschte Video, well d’Persoun mat hirem Liewe bezilt.

Back to Top
CIM LOGO