Carte blanche vum Sylvain HoffmannSeet Lëtzebuerg dem sozialen Europa Äddi?

Sylvain Hoffmann
D'Europäesch Kommissioun ass grad amgaangen, eng déifgräifend Analys vu Lëtzebuerg ze maachen, wéinst der ugespaanter sozialer Situatioun. Och wat d’Ëmsetze vun Direktiven am soziale Beräich betrëfft, ass Lëtzebuerg den Ament net brillant. An deem Kontext ass virun allem eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun onëmgänglech, fënnt de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés a senger Carte Blanche.
© RTL Grafik

1944 ass zu Lëtzebuerg den éischte Mindestloun agefouert ginn, dat deemools aus ekonomeschen, mee natierlech och sozialen Iwwerleeungen, fir de Mindestlounempfänger den néidegen Niveau de vie ze erlaben, fir iwwert d’Ronnen ze kommen.

Carte blanche vum Sylvain Hoffmann

Mee zënterhier gouf et reegelméisseg Streidereien, ob de Mindestloun héich genuch ass oder net.

Am europäesche Sockel vun de soziale Rechter, dee Lëtzebuerg mat ënnerschriwwen huet, steet kloer dran : déi schaffend Leit hunn e Recht op e gerechte Loun, deen hinnen en dezente Liewensniveau erlaabt. En adequate Mindestloun muss garantéiert sinn. A weider seet den Text : La pauvreté au travail doit être évitée.

Or Lëtzebuerg ass zënter Joren op deenen éischte Plazen an Europa, wat d’Working poor betrëfft, 13 % vun de schaffende Leit sinn dem Aarmutsrisiko ausgesat, méi wéi all Zéngten.

Wéi mer bei de Militär-Ausgaben net déi europäesch Virgaben an déi vun der NATO erreecht hunn, ass et op eemol séier gaangen. Mir gesinn eng Explosioun béi de Militärausgaben.

Wann der Europäescher Kommissioun hir Dereguléierungsoffensiv ëmgesat muss ginn, sinn ech iwwerzeegt, dass mer do och rëm bei deenen éischte sinn.

Leider ass dat am soziale Beräich net de Fall: En Aktiounsplang fir méi Kollektivverträg misst schonn do sinn, d’Direktiv fir Transparenz bei de Léin muss an dräi Méint ëmgesat sinn, mir hu mol nach keen Text, d’Plattformdirektiv muss bis Dezember ëmgesat sinn, och do gëtt et sou lues enk.

A fir d’Recht op en adequate Mindestloun ëmzesetzen, gëtt et och eng europäesch Direktiv mat klore Critèren, ënnert anerem 60 % vum Medianloun. Fir deem Critère ze entspriechen, muss Lëtzebuerg de Mindestloun ëm 11,2 % ropsetzen.

Déi normal Upassung an Indexéierung vum Mindestloun, fir net nach méi ofzerutschen, fir net nach méi working poor zu Lëtzebuerg ze kréien, muss souwisou gemaach ginn, fir de Status quo ze erhalen.

Mee dat ass keng Ëmsetzung vun der Direktiv, déi a sech soll Verbesserunge bréngen. A wa souguer Lëtzebuerg keng seriö Ëmsetzung vun der Direktiv géif maachen, da kënne mer dem sozialen Europa definitiv Äddi soen.

Am europäesche Verglach ass de Mindestloun par rapport zum Medianloun a 5 Länner méi héich wéi zu Lëtzebuerg, par rapport zum Duerchschnëttsloun ass en a 7 Länner méi héich.

A 5 Länner ass d’Kafkraaft vum Mindestloun méi héich wéi zu Lëtzebuerg an a 17 Länner vun der EU ass de Mindestloun an deene leschten 10 Joer méi, deelweis vill méi séier geklommen, wéi zu Lëtzebuerg.

Duerfir ass et net iwwerdriwwen, dass de Mindestloun eropgeet. An dat wier och e wichtege Facteur fir d’Kafkraaft, an domadder de Commerce, d’Handwierk an den Horecasecteur ze stäerken. Well wann de Mindestloun em 11 % eropgeet, fueren déi Leit domadder net op Dubai oder an d’Karibik an d’Vakanz. Si gi vläicht eng Kéier mat der Famill eng Pizza iessen an de Kino oder nei Schong fir Kanner kafen. An déi kafe se net am Duty-Free.

Back to Top
CIM LOGO