
Den zweeten Zaldot vum US-Kampfjet, deen e Samschdeg iwwert dem Iran ofgeschoss gouf, konnt gerett ginn. Dat huet den US-President Donald Trump op de soziale Medie matgedeelt.
Den Offizéier soll zwar blesséiert sinn, ma awer net liewensgeféierlech. Spezial-Unitéiten aus den USA konnten de Mann lokaliséieren an hien a Sécherheet bréngen. De Pilot konnt jo schonn e Samschdeg gerett ginn.
Fir den zweeten Zaldot hat den Iran eng Primm versprach, et sollen och Buedem-Kämpf gi sinn, fir den Offizéier virum iranesche Militär a Sécherheet ze bréngen. Elo sollen esouwuel d’Spezialeenheeten, wéi och de blesséierten Zaldot, den Iran kënne verlooss hunn.
Dat iranescht Militär huet eegenen Informatiounen no e Fliger an zwee Militär-Helikopteren vun der US-Arméi ofgeschoss, déi un der Rettungsaktioun vum US-amerikanesche Kampfjet-Zaldot bedeelegt waren.

D’Ofschëss wieren am Süde vun Isfahan geschitt, sou déi zentral iranesch Asaz-Ekipp “Chatam al-Anbija” e Sonndeg. Et soll sech ëm “zwee Helikoptere vum Typ Black Hawk an e Militärtransportfliger vum Typ C-130" handelen. Dës géifen elo “a Flame stoen”. D’US-Rettungsaktioun bezeechent dat iranescht Militär als “gescheitert”.
Déi iranesch Staatsmedien hu Biller vu verkuelten Iwwerreschter an enger Wüste-Regioun publizéiert. Op den Opnamen wier och Damp ze gesinn.
Iranesche Medien no si bei der US-Rettungsaktioun am Südweste vum Land fënnef Mënschen ëm d’Liewe komm. Et ass bis ewell onkloer, ob et sech bei den Affer ëm Zivilisten oder iranesch Membere vum Militär handelt.
Israel huet eegenen Informatiounen no verschidde strategesch Ziler am Iran bombardéiert. Dorënner en Industriegebitt op deem Chimie-Waffe sollen hiergestallt ginn. Beweiser dofir ginn et keng.
Och den Iran huet an der Nuecht op e Sonndeg mat Rakéiten ugegraff. Net nëmmen Israel, mee och de Kuwait mellen Attacken. Dobäi solle Kraaftwierker an Anlage fir d’Entsalzung vum Mierwaasser getraff gi sinn.
Am Kuwait wier e Gebai vum Finanzministère uerg zerstéiert ginn. Blesséierter goufen et awer keng.