Iran a persesche GolfIranesch Loftofwier huet zwee US-Kampfjetten ofgeschoss.

RTL Lëtzebuerg
No engem Offizéier gëtt ëmmer nach gesicht, hie gëllt als vermësst.
© AFP/Archiv

Den Iran mellt eng nei US-israeelescher Attack an der Géigend vum Atomkraaftwierk Buschehr am Südweste vum Land. Eng Persoun wier dobäi em d’Liewe komm, déi fir d’Sécherheet um Site zoustänneg war. Un den Infrastrukture wier kee Schued. Russland huet awer 198 Persounen, déi do schaffen, evakuéiert.

Parallel gëtt nach ëmmer no engem US-Zaldot gesicht, deen an engem vun den zwee US-Kampfjette war, déi vun der iranescher Loftofwier ofgeschoss gi sinn. Eng grouss ugeluechte Sich-a Rettungsaktioun leeft. Esouwuel vun den USA ewéi vum Iran. Den US-President Trump huet de Verloscht vun den zwee Kampfjetten iwwerdeems an enger éischter Reaktioun erofgespillt. Et wier ebe Krich, sot den Donald Trump der Press géintiwwer. De Virfall hätt keen Impakt op d’Verhandlunge mat der iranescher Féierung. Den Iran allerdéngs dementéiert, dass Verhandlungen iwwerhaapt am Gaange wieren.

“D’Zäit leeft”, schreift den US-President Trump op Truth Social. Säin Ultimatum un den Iran géing an 48 Stonnen oflafen. Wa bis da keen Deal fonnt gi wier an d’Strooss vun Hormus nees géing opgemaach ginn, da géing d’Hell op den Iran waarden.

Back to Top
CIM LOGO