"Gesinn den Ament kee Sënn doranner"Wladimir Putin refuséiert Entrevue mam Wolodymyr Selenskyj

RTL Lëtzebuerg
Den ukrainesche President Selenskyj hat an engem oppene Bréif verschidde Propose gemaach, fir bei de Friddensverhandlungen am Ukrain-Krich weider ze kommen.
In this pool photograph distributed by the Russian state agency Sputnik, Russia's President Vladimir Putin and Vice President of the People’s Republic of China Han Zheng hold a meeting on the sidelines of the St. Petersburg International Economic Forum (SPIEF) in Saint Petersburg on June 5, 2026. (Photo by Valery SHARIFULIN / POOL / AFP)
De Wladimir Putin um internationale Wirtschaftsforum zu St. Petersburg
© POOL/AFP

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj bedauert de Refus vum russesche President Wladimir Putin fir eng Entrevue. Leider géif déi russesch Säit op en Neits de Krich wielen, esou de Selenskyj an engem Videomessage. D'Äntwert wier schwaach a géif sécher vill Leit an der Welt enttäuschen. Als Reaktioun fuerdert hien op en Neits méi staark international Mesurë géint Russland.

De russesche President hat e Freideg um Bord vun engem internationale Wirtschaftsforum zu St. Petersburg matgedeelt, hie géing kee Grond fir een Treffe mam ukrainesche President gesinn. De Wolodymyr Selenskyj hat an engem oppene Bréif u säi russeschen Homolog verschidde Propose gemaach, fir bei de Friddensverhandlunge weiderzekommen. Eng vun de Propose war eng perséinlech Entrevue.

Russland huet eegenen Aussoen no an der Nuecht op e Samschdeg Honnerten ukrainesch Dronen interceptéiert, dorënner eng ganz Rei an der Géigend vun der Stad St. Petersburg, wou den Ament en internationale Wirtschaftsforum leeft. Moskau a Kiew hunn hir géigesäiteg Attacken an de leschte Méint erëm eropgeschrauft. Aktuell stagnéieren d'Efforte fir dëse Krich, mat den USA als Vermëttler, op en Enn ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO