An oppene Bréif u PutinSelenskyj proposéiert e komplette Waffestëllstand esou wéi e perséinlecht Treffen

RTL mat AFP
An engem oppene Bréif u säin russeschen Homolog mécht den ukrainesche President verschidde Proposen, fir bei de Friddensverhandlunge weiderzekommen.
D'Presidente vun de Krichsparteien Ukrain a Russland Wolodymyr Selenskyj a Wladmir Putin.
D'Presidente vun de Krichsparteien Ukrain a Russland Wolodymyr Selenskyj a Wladmir Putin.
© MANDEL NGAN ANDREW CABALLERO-REYNOLDS/AFP

An engem oppene Bréif, deen den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj u säi russeschen Homolog Wladimir Putin riicht, proposéiert den Ukrainer en perséinleche Meeting tëscht béide Staatscheffen. Och betount de Selenskyj a sengem Bréif, deen en Donneschdeg un de Putin gaangen ass, datt hien an d'Ukrain bereet wieren, fir e "komplette Waffestëllstand".

"D'Ukrain proposéiert en Enn vun dësem Krich duerch en direkt Engagement tëscht eis en Iech. Dofir proposéieren ech e Meeting", ass am Bréif ze liesen. "D'Ukrain ass prett fir e komplette Waffestëllstand wärend der Zäit vun dëse Gespréicher", ass weider am Bréif ze liesen.

Back to Top
CIM LOGO