Iran-KrichWäisst Haus préift Wafferou vu 45 Deeg, Iran refuséiert Offer

AFP, iwwersat vun RTL
RTL Lëtzebuerg
D'USA préiwen eegenen Aussoen no e Virschlag iwwert eng Wafferou vu 45 Deeg mam Iran. Déi sollen eegenen Aussoen no elo refuséiert hunn.
Die USA prüfen nach eigenen Angaben einen Vorschlag für eine 45-tägige Waffenruhe mit dem Iran. Präsident Donald Trump habe den Vorstoß aber noch "nicht gebilligt", hieß es am Montag aus dem Weißen Haus.
D’USA préiwen eegenen Aussoen no e Virschlag iwwert eng Wafferou vu 45 Deeg mam Iran.
© POOL/AFP

Wuel awer keng Wafferou deemnächst am Krich am Iran. D’Land huet d’Propos vum Pakistan eegenen Aussoen no refuséiert.

“Dat ass eng vu villen Iddien”, sot virdrun ee Mataarbechter vum Wäissen Haus der Noriichtenagence AFP zu Washington géigeniwwer zum Theema vun der Wafferou. De President Donald Trump hätt de Virstouss “nach net ugeholl”.

Dat Wäisst Haus huet op eng Pressekonferenz verwisen, déi den Donald Trump e Méindeg fir 19 Auer eiser Zäit ugesat hat. An der Pressekonferenz goung et virop ëm den Rettungsasaz fir zwee US-Piloten, déi iwwert dem Iran erofgeschoss gi waren. Ma virun de versammelte Journalisten sot den US-President am Wäissen Haus iwwert den Iran mat Bléck op den Ultimatum en Dënschdeg: “Dat ganzt Land kéint an enger Nuecht ausgeläscht ginn, an déi Nuecht kéint muer sinn.”

D’Plattform “Axios” hat virdru bericht, d’USA an den Iran géifen ënnert der Vermëttlung vu Pakistan, Ägypten an der Tierkei iwwer d’Conditioune fir eng méiglech Wafferou vu 45 Deeg verhandelen. Domat sollt eng Eskalatioun am Krich verhënnert ginn.

De Pakistan soll dem Iran an den USA eng Propos virgeluecht hu fir en Enn vum Iran-Krich. Dat soll an zwou Phase geschéien, wéi et aus pakistanescher Sécherheetskreesser heescht. Virop soll direkt eng Wafferou ufänke fir 45 Deeg, an d’Strooss vun Hormus soll nees opgoen. An enger zweeter Phas soll et dann zu engem Ofkommes kommen. Ma dës Propos soll elo wéi gesot vum Iran refuséiert gi sinn.

Nei Eskalatioun no Oflaf vun der Frist méiglech

Den Trump hat domat gedreet, d’Kraaftwierker an d’Brécken am Iran ze zerstéieren, sollt d’Strooss vun Hormus net bis virum Oflaf vun enger vun him gesater Frist en Dënschdeg nees opgemaach ginn. Gläichzäiteg huet den US-President sech zouversiichtlech gewisen, awer nach een Accord fannen ze kënnen. Den Iran huet schonn eng Géigereaktioun ugekënnegt, sollten d’Menacen aus den USA Realitéit ginn.

U sech hätt den Ultimatum e Méindeg sollen oflafen, dee gouf awer elo verlängert bis en Dënschdegowend 20 Auer, wuelverstane Washingtoner Zäit. Also bei eis an der Nuecht vun en Dënschden op e Mëttwoch um 2 Auer.

Zanter dem Ufank vum Iran-Krich Enn Februar ass d’Strooss vun Hormus, duerch déi ronn ee Fënneftel vum weltwäite Pëtrols- a Flësseggastransport leeft, duerch dat iranescht Militär de facto gespaart. D’Mieresstrooss tëscht der Arabescher Hallefinsel an dem Iran gëtt vun den iranesche Revolutiounsgarde kontrolléiert. Zousätzlech huet den Iran Pëtrolsreserven a Pëtrolstanker an enger Rei Länner an der Golfregioun ënner Beschoss geholl. Dës Entwécklungen hunn d’Pëtrols- a Gaspräisser weltwäit an d’Luucht gedréckt.

E Méindeg de Moien hunn déi iranesch Revolutiounsgarden iwwerdeems matgedeelt, datt de Chef vun hirem Geheimdéngscht ëmbruecht gouf. De Madschid Chademi wier bei enger US-israeelescher Attack ëm d’Liewe komm. Israel huet déi déidlech Attack confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO