Bei US-israeelescher Attack ëmbruecht ginnGeheimdéngscht-Chef vun der iranescher Revolutiounsgard ass dout

AFP, iwwersat vun RTL
D'Revolutiounsgarde schwätze vun engem "verbriechereschen Terroruschlag vum amerikanesch-zionistesche Feind".
© ABBAS FAKIH/AFP

D’Revolutiounsgard am Iran huet den Dout vun hirem Chef vum Geheimdéngscht bei engem US-israeeleschen Ugrëff gemellt. Den “aflossräichen an gebilte Chef vum Geheimdéngscht vum Corps vun der Islamescher Revolutiounsgard, de Madschid Chademi”, wier, “bei Sonnen-Opgang” am Kader vun engem US-israeeleschen Ugrëff ëmbruecht ginn. Dat deelt d’Gard selwer op Telegram mat.

D’Revolutiounsgarde schwätze hei eegenen Aussoen no vun engem “verbriechereschen Terroruschlag vum amerikanesch-zionistesche Feind”.

D’USA an Israel hu jo den 28. Februar mat Loftattacke géint den Iran ugefaangen, bei deene och den héchste Leader vum Iran, de Ayatollah Ali Chamenei ëm d’Liewe komm ass. Teheran reagéiert zënter deem mat Rakéiten- an Dronenattacken op Israel, sou wéi op eng Partie Golfstaaten an US-Infrastrukturen an der Regioun.

Iran huet nees Attacken op Israel an d’Golfstaate lancéiert

Den Iran huet weider Attacke lancéiert an mat enger hefteger Géigereaktioun gedreet, sollten dem US-President Trump seng Menace Realitéit ginn. E Samschdeg nach hat den Donald Trump ugekënnegt, déi iranesch Kraaftwierker a Brécken en Dënschde wëllen ze attackéieren, sollt d’Strooss vun Hormus net direkt opgemaach ginn.

E Méindeg sollt säin Ultimatum un den Iran auslafen, dee gouf awer elo mol verlängert. Den Donald Trump schwätzt op Social Media vun en Dënschden den Owend 8 Auer, wuelverstane Washingtoner Zäit. Also bei eis an der Nuecht vun en Dënschden op e Mëttwoch um 2 Auer.

Back to Top
CIM LOGO