Accord soll elektronesch ënnerschriwwe gi sinnUS-President Trump annoncéiert "komplett Ouverture" vu Strooss vun Hormus fir e Freideg

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi den Donald Trump e Méindeg kuerz virum Start vum G7-Sommet am franséische Évian annoncéiert huet, soll d'Strooss vun Hormus schonn e Freideg nees "komplett" op sinn.
Die Straße von Hormus soll nach Angaben von US-Präsident Donald Trump bereits am Freitag komplett geöffnet sein. "Der Iran-Deal, den wir geschlossen haben, wird der Welt eine Menge Erfolg bringen", sagte Trump am Montag.
© AFP

"Den Iran-Deal, dee mer ofgeschloss hunn, wäert der Welt ganz vill Succès bréngen", esou den Trump. E Freideg soll d'Ofkommes vum US-Vizepresident J.D. Vance perséinlech ënnerschriwwe ginn.

Ob den Trump selwer och bei der Signature wäert present sinn, huet en oppe gelooss: "Ech kéint involvéiert sinn". Wou genee den Accord ënnerschriwwe gëtt, ass och nach net gewosst, am Gespréich wier awer Genève.

Engem héichrangege Vertrieder vun der US-Regierung no wier den Accord vun Trump, Vance an dem iranesche Chef-Ënnerhändler Mohammed Bagher Ghalibaf e Méindeg schonn elektronesch signéiert ginn, eng Confirmatioun vun Teheran gouf et dozou awer nach net.

De geneeën Text vum Traité soll "iergendwann no Freideg" verëffentlecht ginn, sou den Donald Trump weider, deen iwwerdeems betount, et wier "ee staarken Text". Wat dee vum Iran gefuerderte Peage fir de Passage duerch d'Hormus-Strooss ugeet, huet den Trump eng kloer Ofso ginn. Et soll zu deem Theema och "e klenge Sträit" ginn hunn.

De franséische President Emmanuel Macron huet an dësem Kontext dem Donald Trump militäresch Ënnerstëtzung bei der Ofsécherung vum Schëffstrafic duerch de Passage offréiert, den US-President huet awer refuséiert, mat der Begrënnung, et hätt ee jo elo en Ofkommes. Trotzdeem wier et keng schlecht Iddi "een, zwee Schëffer vun e puer Länner do ze hunn".

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO