Dänesch ArméiRussland schéisst Liichtrakéiten op Helikopter vu Loftwaff

AFP, iwwersat vun RTL
An Dänemark gouf een Helikopter vun der Arméi vun engem russesche Krichsschëff mat zwou Liichtrakéiten attackéiert.
En Helikopter vun der dänescher Loftwaff bei engem Nato-Militär-Exercice den 9. September 2026 a Grönland.
En Helikopter vun der dänescher Loftwaff bei engem Nato-Militär-Exercice den 9. September 2026 a Grönland.
© Ritzau Scanpix/AFP

E russescht Krichsschëff huet iwwer der Ostséi zwou Liichtrakéiten op en Helikopter vun der dänescher Arméi geschoss. Een Helikopter wier "wärend engem routineméissege Fotoasaz bei enger russescher Fregatt, déi an internationale Gewässer viru Gedser war, mat Liichtrakéite beschoss ginn", mellt déi dänesch Arméi e Méindeg den Owend.

D'Fregatt huet deemno e Méindeg zwou Liichtrakéiten a Richtung vun engem Helikopter ofgeschoss. "Eng dovun ass ganz knapp laanscht den Helikopter geflunn", heescht et an der Erklärung.

Den däneschen Ausseminister Lars Lökke Rasmussen huet de Virfall en Dënschdeg als "komplett inakzeptabel" bezeechent. Russland géing d'Grenzen ëmmer méi verréckelen. De russeschen Ambassadeur gouf aberuff, fir sech zum Virfall z'erklären, esou de Minister nach.

E Méindeg hate schonn zwee Nato-Kampffligeren eng Dron ofgeschoss, déi an de Loftraum vu Litauen agedronge war.

Back to Top
CIM LOGO