E Message vu Fridden?Poopst Leo XIV relativéiert Kritik un Donald Trump

RTL Lëtzebuerg
Am Sträit mam US-President Donald Trump huet de Poopst Leo XIV kloergestallt, datt seng Aussoen net als direkten Ugrëff geduecht waren.
De Poopst Leo XIV wärend senger Rees an Afrika am Abrëll 2026.
De Poopst Leo XIV wärend senger Rees an Afrika am Abrëll 2026.
© ALBERTO PIZZOLI/AFP

De Poopst Leo XIV huet am Sträit mam US-President Donald Trump en Zeechen gesat. De Chef vun der kathoulescher Kierch sot am Kader vu senger aktueller Rees an Afrika, datt verschidden Aussoe vun him falsch interpretéiert gi wieren.

Et wier sou opgefaasst ginn wéi wann hien dem President widdersprieche géif. Mä dat wier guer net seng Intentioun, sou de Leo de XIV géintiwwer Journalisten am Fliger an Angola.

Säin Zil wier et gewiescht, e Message vu Fridden a Gerechtegkeet ze verbreeden.

Den US-President Donald Trump hat dem Pontifex wéinst deem senge Friddensappeller d’lescht Woch “eng schrecklech Aussepolitik” reprochéiert an him geroden, sech op seng Roll als Poopst ze konzentréieren. De Chef vun der kathoulescher Kierch hat gesot, datt “eng Handvoll Tyrannen, d’Welt zerstéiere géifen” – ouni awer dobäi Nimm ze nennen.

Och seng Aussoen op Ouschteren, et sollt Schluss si mat der Selbstvergötterung an der Vergötterung vum Geld, Schluss mat der Muechtdemonstratioun an dem Krich, hat fir vill Roserei am Wäissen Haus gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO