USASträit tëscht Trump a Poopst Leo XIV. eskaléiert – JD Vance verdeedegt säi Chef

RTL Lëtzebuerg
Den Donald Trump hat jo de Poopst hefteg kritiséiert an esouguer e kontroverst Bild vu sech als Christus gedeelt, wat spéider geläscht gouf.
© JACQUELYN MARTIN/AFP

Dem Trump säi Vizepresident JD Vance huet säi Chef dobäi verdeedegt a gefuerdert, datt de Vatikan sech aus der Politik eraushält a sech éischter op moralesch Froe konzentréiert.

De Poopst hat virdru fir Fridden op der Welt opgeruff an d’Gewalt am Noen Oste schaarf verurteelt. Hie sot, et wier seng moralesch Pflicht, sech géint Krich auszeschwätzen an hien hätt keng Angscht virun der US-Regierung. Op d’Attacke vum Trump reagéiert hien awer roueg a wollt keng politesch Debatt féieren.

Den Trump huet dogéint behaapt, de Poopst wier ze schwaach a géif falsch Positioune vertrieden, besonnesch am Kontext vum Iran. Seng Aussoe goufen och an den USA kritiséiert, souguer aus de Reie vun de Republikaner, déi säi Verhalen als Gotteslästerung bezeechent hunn.

De Konflikt kéint och d’kathoulesch Wieler an den USA virun eng schwéier Fro stellen: Solle si dem President oder dem Poopst méi no stoen?

Back to Top
CIM LOGO