Donateurskonferenz zu BerlinMéi wéi 1,3 Milliarden Euro Hëllef fir de Sudan zougesot

AFP
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Dräi Joer no Ausbroch vum sudaneesesche Biergerkrich sinn dem afrikanesche Land op enger internationaler Donateurskonferenz zu Berlin méi wéi 1,3 Milliarden Euro zougesot ginn.
Drei Jahre nach Beginn des Bürgerkriegs im Sudan sind dem afrikanischen Land auf einer internationalen Geber-Konferenz in Berlin Hilfen in Höhe von mehr als 1,3 Milliarden Euro zugesagt worden. Deutschland selbst werde seine Hilfen "um mehr als 230 Millionen Euro aufstocken", sagte Außenminister Wadephul.
Méi wéi 1,3 Milliarden Euro si bei der Donateurskonferenz fir de Sudan zougesot ginn
© AFP

Um drëtte Joresdag vum Ausbroch vum Biergerkrich gouf op der Konferenz iwwer weider Hëllef fir d’Zivilbevëlkerung beroden, déi massiv ënnert de Konsequenze vum Konflikt leit. Nieft dem Mobiliséiere vu Suen ass et och drëms gaangen, d’Friddensverhandlungen ze relancéieren. De Militärherrscher Abdel Fattah al-Burhan an d’RSF-Miliz vu sengem fréiere Stellvertrieder Mohamed Hamdan Daglo liwwere sech den Ament en erbatterte Kampf ëm d’Kontroll vum drëttgréissten afrikanesche Land, duerch deen eng vun den aktuell schlëmmsten humanitäre Krisen ausgeléist gouf.

Däitschland, dat säin eegene Bäitrag dem Ausseminister Johann Wadephul no ëm méi wéi 230 Milliounen Euro opstocke wëll, huet d’Donateurskonferenz zesumme mat anere Länner organiséiert. Co-Organisateur war de Kommissiounspresident vun der Afrikanescher Unioun, de Mahmoud Ali Youssouf. Och d’EU-Baussebeoptraagt Kaja Kallas, d’brittesch Ausseministesch Yvette Cooper an de franséische Chefdiplomat Jean-Noël ware present, donieft waren och eng Rei ONGe vertrueden. Aus dem Sudan selwer ware keng Representanten do.

Den UN-Generalsekeretär António Guterres huet an enge Videomessage de Joresdag vum Biergerkrich als “tragesche Meilestee” bezeechent. D’Konsequenze vum Konflikt géife sech net just op de Sudan beschränken, mee “zu enger Destabiliséierung vun der kompletter Regioun” féieren. “Dësen Albdram muss en Enn hunn”, sou nach de Guterres weider.

D’Reaktioune vun den Hëllefsorganisatiounen op d’Erhéijung vun der Hëllef ware gemëscht. Médecins sans frontières hunn d’Zouso zwar begréisst, mee gläichzäiteg betount, datt dëst net duergoe géif. “Am Sudan stierwe Mënschen net nëmmen u Bommen, mee och dorun, datt Hëllef weider blockéiert gëtt”. Et misst elo séchergestallt ginn, datt elo “och an der Realitéit méi Spillraum fir humanitär Hëllef geschaaft gëtt”, esou MSF Däitschland weider. Och Vertrieder vu World Vision Däitschland hunn ënnerstrach, datt “politesch verursaacht Blockade vun Hëllefe” missten ewechgemaach an Ugrëff géint zivil Ariichtunge gestoppt ginn.

An den dräi Joer Krich am Sudan solle bis ewell honnertdausende Leit ëm d’Liewe komm sinn, méi wéi 13 Millioune verdriwwen. Iwwer 20 Millioune Sudaneese leiden iwwerdeems akut un Honger, wat der Hallschent vun der Gesamtbevëlkerung entsprécht. An deene leschte Méint koum et nees verstäerkt zu Kämpf, bei deenen ëmmer méi dacks och Dronen agesat goufen, dat géint bewunnt Gebitter, Schoulen oder Spideeler. Engem en Dënschdeg publizéierten UN-Rapport no sinn eleng an den éischten dräi Méint vun dësem Joer bal 700 Leit duerch Dronenattacken ëmbruecht ginn.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO