
“An den éischten dräi Méint vun dësem Joer goufe Berichter no bal 700 Ziviliste bei Dronenattacken ëmbruecht”, heescht et vum UN-Koordinateur fir Nouthëllef, dem Tom Fletcher en Dënschdeg. De Krich, deen entretemps dräi Joer undauert, hätt “déi gréissten humanitär Kris vun der Welt” ausgeléist, gëtt de Fletcher weider zitéiert.
E Mëttwoch, de 15. Abrëll, ass et exakt dräi Joer hier, datt de Krich am Sudan ugaangen ass. An deem Kontext wäert zu Berlin och eng international Sudan-Konferenz sinn.
An deene leschte Méint gouf et am Sudan bal deeglech Dronenattacken, besonnesch an der Regioun Südkordofan, ma och an de westleche Regioune wéi Darfur, déi vun der RSF-Miliz kontrolléiert ginn. Millioune Mënsche goufen aus hiren Haiser a vun hirem Land verdriwwen, ganz Gemenge wieren entvëlkert a Familljen entwuerzelt, sou den Tom Fletcher weider. “De Risk vun enger ëmmer méi staarker regionaler Instabilitéit ass héich”, sou seng Warnung.
Dräi Joer Krich hätten dem Land erhiefleche Schued zougefüügt. Knapp 34 Millioune Mënschen, also bal zwee Drëttel vun der Gesamtbevëlkerung, bräichten humanitär Hëllef. Honnertdausende Kanner wieren ënnererniert, Fraen a Meedercher wiere systematescher a brutaler, sexualiséierter Gewalt ausgesat. D’lescht Joer hätt d’humanitär Hëllef eng 17 Millioune Leit am Sudan erreecht, dëst Joer wieren 20 Milliounen d’Zil.
Wéi et vum Internationale Roude Kräiz (IKRK) iwwerdeems heescht, goufen zanter dem Ufank vum Biergerkrich am Sudan op d’mannst 11.000 Leit als vermësst gemellt. “Dausende Familljen” hätten deemno “keng Neiegkeete vun hire Familljememberen, vun deene se getrennt goufen, wéi se virun de Kämpf geflücht sinn”, heescht et vum IKRK. Eleng d’lescht Joer wier d’Zuel vun de Vermëssten ëm méi wéi 40 Prozent geklommen.
Zéngdausende Leit si bis ewell am Krich tëschent der Arméi vum Militärchef Abdel Fattah al-Burhan an der RSF-Miliz vu sengem fréiere Stellvertrieder Mohamed Hamdan Daglo ëm d’Liewe komm. Méi wéi 11 Millioune Leit goufe verdriwwen.